DZil vun der YAC-Etüd vun der Universitéit Lëtzebuerg ass et, dSituatioun vun de jonke Mënschen am Alter vun 12 bis 29 Joer zu Lëtzebuerg wärend der Pandemie, ëmfaassend an iwwer e puer Moosspunkten (2020, 2021, 2024) eraus, duerzestellen.
Den aktuelle Rapport beschreift op der Basis vun dëse virleefegen Donnéeën, wéi jonk Mënschen zu Lëtzebuerg dSituatioun insgesamt bewältegen, wéi besuergt si wéinst COVID-19 sinn, mee och, wéi jonk Mënschen zu Lëtzebuerg dMoossnamen fir dBekämpfung vun der COVID-19-Pandemie bewäerten. Ausserdeem sollen an der aktueller Ausgab dAstellunge vu jonke Mënschen zu Lëtzebuerg zu COVID-19-Impfungen an den Auswierkunge vun der COVID-19-Pandemie an den domat verbonnene Moossnamen op verschidde Liewensberäicher, wéi z.B. mental Gesondheet, dZesummeliewe mat der Famill oder dschoulesch Leeschtungen, presentéiert ginn. DResultater ginn esouwäit méiglech mat de Resultater aus dem Rapport vum leschte Joer a Relatioun gesat, fir méiglech Verännerungen opzeweisen.
Young People and Covid-19 II: Entwécklungen 2020 bis 2021, Impfbereetschaft an Auswierkunge vun der Pandemie
Virleefeg Resultater vun enger representativer Ëmfro bei Jugendlechen a jonken Erwuessenen zu Lëtzebuerg
Lea Schomaker, Caroline Residori, Roger Fernandez-Urbano, Robin Samuel
Zitiervorschlag
Schomaker, L., Residori, C., Fernandez-Urbano, R. & Samuel, R. (2021). Young People and Covid-19 II: Entwécklungen 2020 bis 2021, Impfbereetschaft an Auswierkunge vun der Pandemie: Virleefeg Resultater vun enger representativer Ëmfro bei Jugendlechen a jonken Erwuessenen zu Lëtzebuerg. Esch-sur-Alzette. Universität Luxemburg (UL); Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse (MENJE). http://hdl.handle.net/10993/49126 https://doi.org/10.17605/OSF.IO/WXKUJ
Beteiligte
Jahr
Schlagwörter
Verwandte Projekte
Young People and COVID-19
Wie gehen junge Menschen in Luxemburg mit den sozialen, wirtschaftlichen und gesundheitlichen Folgen der COVID-19-Prävention um? Halten sie sich an die Maßnahmen zur Eindämmung der Pandemie? Gibt es Unterschiede nach Geschlecht, Alter oder sozialem Status? Antworten auf diese Fragen gibt Young People and COVID-19, die umfassendste Corona-Studie in Luxemburg auf Basis von Zufallsstichproben.
Mehr erfahrenRead moreEn savoir plus