YAC Young people and Covid-19. Virleefeg Resultater vun enger representativer Befroung vu Jugendlechen a jonken Erwuessenen zu Lëtzebuerg

Caroline Residori, Lea Schomaker, Maria Eugenia Sozio, Robin Samuel

Insgesamt zeechnen déi virleefeg Resultater vun der representativer Befroung vu Jugendlechen a jonken Erwuessenen zu Lëtzebuerg en differenzéiert Bild. Am Allgemenge schénge jonk Mënsche sech hirer Responsabilitéit bei der Andämmung vum Coronavirus bewosst ze sinn. Si verfügen an der Majoritéit iwwer déi noutwenneg Informatiounen a Méiglechkeeten, sech entspriechend dëser Responsabilitéit ze verhalen. Negativ Auswierkunge vu COVID-19 an de Moossname géint COVID-19 deite sech un, schéngen zum Zäitpunkt vun der Erhiewung awer net ze dominéieren.
Et ass allerdéngs warscheinlech, datt sech negativ Auswierkunge verstäerkt weise wäerten, jee méi laang d’COVID-19-Pandemie unhält a jee méi individuell a gesellschaftlech Ressourcen opgebraucht ginn. Schonn elo loosse sech Ufäng vu soziodemografeschen a sozioekonomeschen Ënnerscheeter am Ëmgang mat der COVID-19-Pandemie festhalen. Et gëllt dowéinst, déi jonk Mënsche weider z’ënnerstëtzen, den Iwwergang tëschent Kandheet an Erwuess Sinn trotz COVID-19 ze bewältegen an hinnen déi dofir erfuerderlech Méiglechkeeten a Raim verantwortungsvoll zur Verfügung ze stellen. Dobäi muss besonnesch och op Ongläichheete geuecht ginn, déi sech entwéckelen a verstäerken.

Zitiervorschlag

Residori, C., Sozio, M. E., Schomaker, L. & Samuel, R. (2020). YAC Young people and Covid-19. Virleefeg Resultater vun enger representativer Befroung vu Jugendlechen a jonken Erwuessenen zu Lëtzebuerg. Esch-sur-Alzette. Universität Luxemburg (UL); Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse (MENJE).

Verwandte Projekte